Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Presentatioun

Nom Studium op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg i. Br. an de Beräicher Germanistik, Geschicht a Politikwëssenschaften an no engem Passage an der Mediewelt (RTL-Radio-Lëtzebuerg) sinn ech ab 1995 Professer am Secondaire. Fir d’éischte Kéier war ëch 1999 Kandidat bei de Gemengewalen zu Walfer, wou ëch direkt an de Gemengerot gewielt gouf. Ab 2003 Schäffen, war ëch Éischte Schäffen bis den November 2017. Ab 2000 Vize-President vum SIDERO (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest), war ëch do vun 2012 bis 2018 President. Ech si Member vun der DP am Walfer Gemengerot.

An der Politik aktiv ze sinn, heescht fir mech zu den zentralen Aspekter vun onser Gesellschaft eng Meenung ze hunn. Ganz wichteg ass dobäi d’Fräiheet vum Individuum, fir sech, am Respekt vun deenen aneren, kënnen selwer ze verwierklechen. Dat ass och d’Basis vun enger intakter Gesellschaft. Fräiheet, Responsabilitéit an Toleranz si Wäerter, déi fir mech perséinlech a politesch wichteg sinn. Virurteeler, Fanatismus an ideologesch Sturheet därfen net zu eiser fräier Gesellschaft gehéieren. Am dem Sënn sin och Diversitéit an e selwer bestëmmt Liewen positiv a wichteg Werter fir mëch.

Am Mëttelpunkt vu menger Aarbecht steet ëmmer de Wonsch effikass ze sinn, mat den eenzelen Acteuren ze schwätzen an dann kloer Décisiounen ze huelen, fir dass e Projet kann ëmgesat ginn. Dobäi geet et och drëms, heiansdo ënnerschiddlech Usiichten ënnert een Hutt ze bréngen. Wichteg ass, dass et viru geet!

présentation

Diplômé de l’Albert-Ludwigs-Universität Freiburg i.Br. après des études en lettres allemandes, histoire et sciences politiques et après un passage dans le monde des médias Alain Weins est professeur de l’enseignement secondaire depuis 1995. Candidat pour la première fois aux élections communales en octobre 1999, il est tout de suite élu au conseil communal de Walferdange où il devient échevin en 2003. Il reste premier échevin de la commune jusqu’en novembre 2017.
Dès février 2000 Alain Weins est vice-président du SIDERO (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest) où il devient président de mars 2012 à mars 2018. Alain Weins est membre du DP au sein du conseil communal de Walferdange. Côté sportif Alain Weins est président du BBC Résidence, le club de basket walferdangeois.

Partager via un média social