Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Presentatioun

Nom Studium op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg i. Br. an de Beräicher Germanistik, Geschicht a Politikwëssenschaften an no engem Passage an der Mediewelt (RTL-Radio-Lëtzebuerg) ass den Alain Weins ab 1995 Professer am Secondaire. Fir d’éischte Kéier ass hien 1999 Kandidat bei de Gemengewalen zu Walfer, wou hien direkt an de Gemengerot gewielt gëtt. 2003 gëtt hien Schäffen, hien bleift Éischte Schäffen bis den November 2017.

Vum Februar 2000 un ass den Alain Weins Vize-President vum SIDERO (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest), wou hien vun 2012 bis 2018 President ass. Den Alain Weins ass Member vun der DP am Walfer Gemengerot. Am Sportsberäich ass den Alain Weins President vum BBC Résidence, dem Walfer Basket.

An der Politik aktiv ze sinn, heescht fir mech zu den zentralen Aspekter vun onser Gesellschaft eng Meenung ze hunn. Iwwert Allem steet d’Fräiheet vum Individuum, fir sech, am Respekt vun deenen aneren, kënnen selwer ze verwierklechen. Den Eenzelen entscheet wéi hien liewen wëll. Net d’Politik! Dat ass d’Basis vun enger intakter Gesellschaft. Staatlechen Dirigismus a Stuerheet ass net meng Saach. Fräiheet, Responsabilitéit an Toleranz si Wäerter, déi fir mech perséinlech a politesch wichteg sinn. Virurteeler a Fanatismus si mir zu widder. Diversitéit an e selwer bestëmmt Liewen sinn dat bescht wat enger Communautéit passéieren kann.

présentation

Diplômé de l’Albert-Ludwigs-Universität Freiburg i.Br. après des études en lettres allemandes, histoire et sciences politiques et après un passage dans le monde des médias Alain Weins est professeur de l’enseignement secondaire depuis 1995. Candidat pour la première fois aux élections communales en octobre 1999, il est tout de suite élu au conseil communal de Walferdange où il devient échevin en 2003. Il reste premier échevin de la commune jusqu’en novembre 2017.
Dès février 2000 Alain Weins est vice-président du SIDERO (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest) où il devient président de mars 2012 à mars 2018. Alain Weins est membre du DP au sein du conseil communal de Walferdange. Côté sportif Alain Weins est président du BBC Résidence, le club de basket walferdangeois.

Partager via un média social